Maacher Kërmes
Maacher Kërmes
De Schäfferot, d’Maacher Geschäftsleit an de Syndicat d’Initiative et de Tourisme (SITG) vu Gréiwemaacher invitéieren all Maacher Bërgerinnen a Bërger ganz häerzlech op d’
Maacher Kërmes wéi fréier
mat Hämmelsmarsch (HMG) a Cortège vun der Gemeen aus dorrech den Zentrum vu Maacher (Moartplaz, Groussgaass, Diddenhuewener Strooss, Tréiererstrooss, Rue de la Moselle, Parking Laangwiss)
samschdes, den 23. November 2024, vu 15.30 Auer un..
Den offiziellen Optakt vun der Kërmes ass géint 16.00 Auer um Parking Laangwiss.
Attraktiounen:<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=maacher-kermes-YKfvdz&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.
Knuppautoen, Ballschéissen, Intefëschen a vill méi!
D’Kërmes ass op vum 23. November bis den 1. Dezember 2024.
Den Hämmelsmarsch ass en ale Lëtzebuerger Brauch, deen am Kader vun der Schueberfouer opkoum. Beim Präisschéisse konnt een op der Stater Kiermes Hämmele gewannen. Dës Déiere sollten dofir schonn am Cortège vun der Musek gewise ginn, fir Reklamm ze maachen.
Lues a lues huet de Brauch sech am ganze Land verbreet. D’Musek laut mat enger aler Volleksweis, déi och den Numm „Hämmelsmarsch“ krut, d’Kiermes an de Stroosse vun der Stad, respektiv vun der Uertschaft, an.
Den Auteur vun der Volleksweis ass net bekannt. Ee vun eisen Nationaldichter, de Michel Lentz (1820-1893), huet am 19. Jorhonnert en Text derzou geschriwwen. Doraus ass dat Lidd entstan, dat dacks ënner dem Numm „Schuebermëss“ publizéiert gouf, den „Hämmelsmarsch“.