Concert mat den Orchestere vu Musekschoulen aus europäesche Wäin-Regiounen
Concert mat den Orchestere vu Musekschoulen aus europäesche Wäin-Regiounen
Mëttwochs, de 26. Februar 2025 huet d’Regional Maacher Musekschoul zu Klosterneuburg an Ëisterräich eng Partnerschaft mat 4 aner europäesche Musekschoulen aus Wäin-Regiounen ënnerschriwwen.
Déi 4 Partner-Musekschoule sinn:
- Kreismusikschule
- Südliche Weinstraße
- Landau (Däitschland)
- École municipale BolérO
- musique et danse
- Oberhausbergen-Mittelhausbergen (Frankräich)
- J.G. Albrechtsberger Musikschule
- Klosterneuburg (Eisterräich)
- Csermák Antal
- Elementary School of Art
- Veszprém(Ungarn)
.
Zil vun der Partnerschaft
D'Partner verpflichte sech, d'musikalesch a kulturell Bildung vun hire Schüler duerch gemeinsam Aktivitéiten a Projeten ze beräicheren an d'Versteesdemech an d'Frëndschaft tëscht den Musekschoulen ze verdéiwen. Dëst soll am Interesse vun de Jonken an de Schüler geschéien an zur Fërderung vun engem oppenen, grenziwwerschreidenden Europa bäidroen.
Geplangte gemeinsam Aktivitéiten
- Schüleraustausch, Programmer
- Enseignants-Austausch a Fortbildungen
- gemeinsam Concerten
- aner musikalesch Projeten
Eischte gemeinsame Projet
.
Samschdes, de 14. Juni 2025, um 18.30 Auer, fënnt am Centre culturel Machera en éischte gemeinsame Concert, mat der Participatioun vun den Orchestere vun de 5 Partner-Musekschoulen statt.